Sven Giegold

Radio 100,7 Luxemburg: “Menace vun engem Grexit ass net erdréiglech”

Mit dem luxemburgischen Radiosender 100,7 sprach ich über die Zuspitzung um den Verbleib Griechenlands in der Eurozone. Es kann hier nachgehört werden.

 

„Déi europäesch Gréng fannen den Accord iwwer den neien Hëllefspak fir Griicheland net fair, sou de Sven Giegold. De gréngen Europadeputéierten ass dës Woch mat enger Delegatioun vu senger Fraktioun op Visite zu Athen. Geplangt sinn Entrevuen ë.a. mat Regierungsvertrieder, Deputéierten an dem Chef vun der Zentralbank.

Déi griichesch Gréng hate sech bei de Wahlen am Januar dem lénke Syriza-Bündnis ugeschloss a sinn elo an der Regierung vertrueden. Dass de gréngen Deputéierten Giorgios Dimaras e Mëttwoch am griichesche Parlament fir de Spuer- a Reformpak gestëmmt huet, kann de Sven Giegold novollzéien: Et wier ëm ee Choix tëscht dem Ruin oder dem Ënnerwerfe gaangen. D’EU géif awer déi falsch Reforme fuerderen: Amplaz verkafsoppe Sonndeger anzeféieren, missten d’Privilegie vun der orthodoxer Kierch limitéiert ginn. Och d’Kierzunge bei deene klengste Rente wieren Onsënn, besser sollt een déi grouss Revenuen uerdentlech besteieren. Dat géing awer nach ëmmer net funktionéieren, bedauert de Sven Giegold. Bei enger Entrevue mat Vertrieder vun der Steierverwaltung, wéilt hien déi administrativ Problemer vum Steiersystem besser verstoen.

Schaarf Kritik gouf et dann um Verhandlungsstil vun der däitscher Regierung: “Das Drohen mit dem Ruin der Volkswirtschaft verbunden mit enormen sozialen Nöten – weil nichts anderes ist ja eine plötzliche Umstellung der Währung – das ist eine unerträgliche Art miteinander in Europa umzugehen.” Dass den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble de Grexit an d’Gespréich bréngt, wier virum Euro-Sommet vum leschte Weekend vun der ganzer Regierung décidéiert ginn. D’Bundeskanzlerin géif sech wuel aus wahltaktesche Grënn zréck halen: “Sie lässt Herrn Schäuble links blinken, biegt dann selbst aber rechts ab. Das ist nicht glaubwürdig.”

Mee och déi griichesch Regierung hätt an de Verhandlunge Fehler gemaach, mengt de Sven Giegold. Et wier net iwwerzeegt genuch no Léisunge gesicht ginn an ze dacks wier et zu Uschëllegunge vun den europäesche Partner komm. D’Regierung hätt et och verpasst, op eege Fauscht Wuesstemsimpulser fir d’Wirtschaft ze ginn. Dat hätt d’Verhandlungspositioun vun Athen geschwächt.

Dem Sven Giegold no war et dann och e Fehler, de Sujet vun enger Reduktioun vun der Scholdelaascht während de leschte Méint ze tabuiséieren. Wann een den Internationale Währungsfong am Hëllefsprogramm wéilt halen, da misst een iwwer eng Reduktioun vun der griichescher Scholdelaascht schwätzen. Eng Ëmschëldung oder ee Scholdeschnëtt wieren economesch sënnvoll.

Och een Thema am Gespréich: Déi Lëtzebuerger EU-Semesterprésidence an d’Aarbecht vun der Spezialkommissioun “Taxe” am Europaparlament.“

Rubrik: Wirtschaft & Währung

Bitte teilen!